Geschicht

„Seit dem Monat März 1906 besteht hier im Schweichertal, bestehend aus den Ortschaften Elvingen, Hovelingen, und Schweich, eine Musikgesellschaft mit dem Namen Schweicherthal.


Sou huet de jonke Veräin sich am Joer 1910 an enger Demande un den deemolige Staatsminister virgestallt. Et sin also méi wéi 100 Joër hir, säitdem e pur Männer, no verschiddenen Differenzen am Duerfliewen, sich aus dem Gesangveräin gemellt hunn an d’Iddi verwiirklecht hun,
eng Musik op d’Been ze setzen. Mat Succès!

 

Gläich no der Grënnung hu sech 30 Musikanten zesummefond, déi mat Theaterspillen op Kiirmessonndig dat éischt Geld fir déi nei Instrumenter verdingt hun. 1908 ass dann och schon den 1. Fändel kaaft gin. Natiirlich sinn och verschidde Spannungen nit ausbliww am Laf vun de Joren, ni awer ass d’Dynamik vum Veräin doduerch gebremst ginn an ni ass d’Zuel vun de Memberen bedeitend no ënne gaang. Am Géigendeel, de Veräin steet haut sou gutt do, wéi nach ni.

Niewt dem Idealismus, deen d’Schweecherdauler Musik besonnesch auszeechent, ass de Veräin awer och nach ëmmer duerch säi bewosst Traditionsversteesdemech opgefall. Dat betrëfft niewt der Bedeeligung un allen traditionelle Manifestatiounen och de Fait, dass d’Veräinsdirigenten ëmmer e laange Otem haten, oder besser gesoot, dass sie et ëmmer laang bei de Musikskollegen am Schweecherdaul ausgehal hunn. Den 1. Dirigent, de Georges ZIMMER, huet 50 Joer lang den Taktstaw gehal, dono ass et sou ähnlich bliww.

Haut ziele mir 10 Dirigenten, an zwar:

Georges ZIMMER
1906 – 1956
Robert WEYLAND
1956 – 1973
Pierre KLEIN
1973 – 1985
Nico BERTON
1985 – 1989
Christian KIRPES
1989 – 2002
Joël SAND
2002 – 2007
Jonathan DEVIÈRE
2007 – 2011
Manuel STOFFELS
2011 – 2019
Marcel Richards
2019 – 2022
Jérémy Lacave
2022 – …

Ähnlich halen déi Schweecherdauler et och mat de Presidenten. Bis haut konnte mir zielen op:

Nic ZIMMER
1906 – 1915
Jean‑Pierre WEYLER‑WIRTGEN
1915 – 1917
Jos STEICHEN
1917 – 1922
Jean‑Pierre ZIMMER
1922 – 1950
Edmond ZIMMER
1950 – 1973
Emile SEYLER
1973 – 1984
Jos LAMBERT
1984 – 2001
Jean‑Paul KELLEN
2001 – 2010
Guy WAGNER
2010 – …